Bedréckte Kleeder fir Firmen a Veraïner

Lokal zu Lëtzebuerg beim Drockmeeschter

Bedréckte Kleeder fir Firmen a Veraïner

Lokal zu Lëtzebuerg beim Drockmeeschter

Ob bedréckten T-Shirten fir ären nächsten Sportstournoi, Poloen fir de nächste Firmenevent oder Laafkleedung fir en Team Run, den Drockmeeschter géif sech freeën iech bei ärem nächsten Projet hëllefen ze kënnen. Bedréckten Kleeder sinn ëmmer en gutt Mëttel äere Logo no baussen ze droen an den Zesummenhalt ënnerhalb vun ärer Equipe ze stäerken!

Servicer vum Drockmeeschter

Textildrock

Siebdrock an Transferdrock

Logo Design

Ugepasst un individuell Wënsch

Kleeder, déi mir bedrécken

(iwwert Bild fueren)

E puer Beispiller vun Kleeder déi mir fir Clienten bedréckt hunn

25 T-Shirten mat 4-faarwegem Siebdrock fir Memorial Club Simmer

50 T-Shirten fir déi lëtzebuergesch Band Austinn

100 T-Shirten, Poloen an Hoodies fir LuxCon 2017

50 T-Shirts mat Siebdrock fir déi lëtzebuergesch A.S.B.L. FPV–Nation

Den Drockmeeschter

Den Drockmeeschter ass eng kleng, jonk a lokal Start-up, gegrënnt als eng vun den éischten 1€-Firmen iwwerhaapt zu Lëtzebuerg. D’Grënner sinn zwee Studenten, déi extrem passionéiert vum Handwierk a vum Entrepreunership sinn, an schon ganz fréi Erfarungen mat enger eegener Firma gemaach hunn.

Oft gestallte Froen

Wéi mam Drockmeeschter a Kontakt kommen?

Dir kennt eis iwwert verschidde Weeër areechen, iwwer Email (kontakt@drockmeeschter.lu), op Facebook (facebook.com/drockmeeschter), per Telefon (+352 621 782 821) oder dir fëllt einfach eise Kontaktformulaire um Internetsite aus.

Sech mam Drockmeeschter treffen?

Mir treffen ons gären mat iech, fir zesummen iwwert äre Projet ze schwätzen, fir Modeller erauszesichen oder fir iech ze weisen, wéi mir är Kleeder bedrécken wäerten.

Wéi laang dauert den Drock?

An der Regel brauchen mir 7-10 Deeg fir d’Produktioun ab deem Moment, wou mir déi faerdeg Commande vun iech kruten. Dat kann je no Opwand an Joreszäit variéieren. Fir eng genau Ugab kënnt dir eis gären uschréiwen.

Nach keen Logo, wat maachen?

Wann dir nach keen Logo huet kennt dir eis är Iddien an Virstellungen eraschécken, an mir designen iech en Logo op Wonsch, an dat ganz fir näischt!

Äre Projet mam Drockmeeschter plangen!

Drockmeeschter S.à r.l.s.

1-5, rue de Neuerburg
L-2215 Beggen
Luxembourg

kontakt@drockmeeschter.lu

621 78 28 21