Wéi vill kascht mäin Drock?
Wéi gëtt mäin Präis gerechent?
Den Drockpräis gëtt duerch d’Unzuel un Faarwen am Logo dat bedréckt gëtt an der Quantitéit un bedréckten Kleeder gerechent. Den éischten Drock gëtt mat folgenden Präisser berechent:
Dir wëllt méi wéi een Drock?
All Drock deen dobäi kennt, dat heescht all Drock deen op eng separat Platz um selwechten Textil gedréckt gëtt, gëtt mat folgenden Präisser berechent:
*Déi ugewise Präisser enthalen nach keng TVA vu 17%
Eis Präislescht hei als PDF downloaden!
Eis Präisstruktur erkläert a Form vun engem fiktiven Beispill
Eng Agence Immobilière well 75 T-shirten fir hier Mataarbechter bedrécken loossen, mat folgenden Logen:
Logo 1 ass eisen éischten Drock an huet 2 Faarwen. An der éischter Präislëscht ginn mir dann vertikal op 2-faarweg an horizontal op 50 (well 75 leit zwechen 50 an 100) an fannen dann e Präis vun 4,1€.
Logo 2 ass en zousätzlechen Drock an huet 2 Faarwen. An der zweeter Präislëscht ginn mir des Kéier vertikal op 2-faarweg an horizontal op 50. Mir fannen e Präis vun 2,6€.
D’Somme (4,1€ + 2,6€ = 6,7€) vun dësen zwee Präisser ergëtt dann den Drockpräis pro T-shirt. Deen gëtt mam Präis vum ausgesichten Kleedungsstéck zesumme gerechent an d’TVA gëtt op dësen Präis drop gerechent, fir den engültechen Präis ze hunn!