Oft gestallte Froen
Kontakt
Wéi kommen ech mam Drockmeeschter a Kontakt?
Dir kennt eis iwwert verschidde Weeër areechen, iwwer Email (kontakt@drockmeeschter.lu), op Facebook (facebook.com/drockmeeschter), per Telefon (+352 621 782 821) oder dir fëllt einfach eise Kontaktformulaire um Internetsite aus.
Kann ech mech mam Drockmeeschter treffen?
Dir kennt natierlech en Rendez-Vous mat eis ausmaachen fir zesummen äre Projet ze plangen, iech Modeller vu Kleeder unzekucken an unzeprobéieren oder fir einfach eist Handwierk eng Kéier “live” erkläert ze kréien!
Mäi Logo
Ech hu nach keen Logo, wat maachen?
Dir hutt nach kee Logo fir bedrécken ze loossen? Kee Problem, mir designen iech eent. Beschreift ons einfach bëssen äre Projet an deelt ons är Iddien an Virstellungen mat, mir ginn dann onst bescht. An dat fir näischt!
Ech hunn e Logo mee ech wees net an wéi engem Format dir en braucht!
Fir den Drock wier eng vektoriséiert Datei vun ärem Logo am Bëschten, dat heescht wann méiglech eng Datei déi ënnert .ai, .pdf oder .eps oofgespeichert ass. Wann dir nëmmen eng Foto vum Logo hutt, kennt dir eis des och gären an héchstméiglecher Opléisung eraschécken, domat mir se sou propper wéi méiglech vektoriséieren kennen!
Kleeder
Kann ech de Schnëtt an d’Gréissten vun dem Modell deen ech erausgesicht hunn eng Kéier gesinn, befir ech bestellen?
Dir kennt gäre laanscht kommen fir iech eis Modeller eng Kéier am reellen unzekucken! Fir dass jiddereen déi Gréisst kritt, déi him passt, gin mir iech mat Freed en Kleederset vun allméiglechen Gréissten eraus, fir dass dir déi virun der Bestellung umoossen kënnt. Zéckt net eis ze kontaktéieren, falls dir dorun interesséiert sidd.
Ech hunn meng Kleeder selwer kaf, kennt dir och op déi drécken?
Jo, dat as keen Problem – allerdéngs sot dir eis am Beschten am Viraus, em wat eng Zort vun Kleedungsstéck et sech handelt an aus wéi engem Stoff et hiergestallt gouf, domat mir bestëmmen kennen op en Drock op dat Kleedungsstéck méiglech ass!
Meng Bestellung
Wéi eng Informatiounen / Dateien braucht dir, domat ech bestellen kann?
Hei sinn d’Informatiounen déi mir brauchen, zesummen gefaast an enger Lescht:
- Modell vum Textil (Numm oder Artikelnummer)
- D’Faarf vum Textil
- D’Unzuel vun den Gréissten
- D’Logo selwer an d’Faarwen vum Logo
- D’Gréisst an d’Positioun vum Logo
Ech hunn manner wéi 10 Kleeder, déi ech bedrécken loossen well, ass dat méiglech?
Et ass natierlech méiglech manner wéi 10 Saachen bedrécken ze loossen, mir benotzen dann just eng aner Drocktechnick an d’Präisser ginn individuell ausgerechent, je no Komplexitéit vum Logo.
Dauer vun menger Bestellung
Wéi laang brauch meng Bestellung ongeféier?
An der Regel brauchen mir 7-10 Deeg fir d’Produktioun ab deem Moment, wou mir déi faerdeg Commande vun iech kruten. Dat kann je no Opwand an Joreszäit variéieren. Fir eng genau Ugab kënnt dir eis gären uschréiwen.
Ech misst ganz kuerzfristeg eng Bestellung kreien, kënnt dir mir do hëllefen?
Mir hëllefen gären jidderengem, wann dir also en kuerzfristegen Delai huet, schréift eis sou schnell wéi méiglech un. Wann deen Datum am Beräich vum machbaren leit, wäerten mir alles dru setzen fir ären Optrag bis zu deem Delai duerchgeschafft ze hunn!